Historique - Sagbuts

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü:

Historique

Wien si mir ?
 



Am Joer 2001 huet de Blaise Stélandre, Trompetteproff am Conservatoire du Nord zu Ettelbréck, ee Bléiserquartett aus e puer Anciens vum Conservatoire op d'Bee gestallt. No e puer Optrëtter an der noer Ëmgéigend ass aus dem Quartett ee Quintett ginn.
Zënter 2015 huet de Quintet dann och e festen Percussionist dobai.



Den Numm Sagbuts Quintett bezitt sech op eent vun den éischte Stécker, dat de Quintett zesumme gespillt huet, "Two Ayres for Cornetts & Sagbuts" vum John Adson. Net nëmmen, datt d'Aussprooch vum Wuert Sagbuts an déi doraus resultéirend éischt Schreiwweisen (Zagbuts, Tzackbuds, Zackbuz, Sackbuts, souguer Suck-butts) de Memberen gefall huet, sou ass dëst Stéck bis haut den Opener vun all Optrëtt bliwwen.



Dat englescht Wuert Sagbut ass iwwregens vun der franséischer Saqueboute ofgeleet, engem Blosinstrument aus dem 15. Joerhonnert, dat e Virreider vun der heiteger Trombone ass. Etymologesch setzt sech d'Wuert Saqueboute aus de Verben "saquer" = zéien an "bouter" = drécken zesummen, als Allusioun un déi typesch Drécken-Zéien-Bewegung vun der Coulisse beim Spill vun der Trombone.

 
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü